Kuckt eis Events och op Facebook
Forum Heilpädagogik
Mir invitéieren Iech häerzlech op de Forum Heilpädagogik, dee komplett online, den 19. Oktober 2026 (19:00 – 20:30 Auer) stattfennt.
Eist Format soll et eise Memberen, awer och StudentInnen a SchülerInnen, erméiglechen, déi verschidden Aarbechtsfelder vun der HP besser kennenzeléieren an sech auszetauschen.
Dës Kéier hëlt d’Stephanie Willems eis mat an de Sonnenhof vun der Björn Schulz Stiftung zu Berlin. Dir kritt een Abléck an déi alldeeglech Aarbecht an an de Grondgedanke vum Kanner- a Jugendhospiz.
Mir freeën eis Iech erëmzegesinn, respektiv kennen ze léiren. Mellt Iech w.e.gl. bis den 18. Oktober 2026 per Mail un: pedagoguescuratifs@gmail.com